Den Armand Thies, de 17/06/1977 gebuer, ass e lëtzebuergesche Sänger dee mëttlerweil an eisem klenge Ländche keen Onbekannte méi ass.
En sengt a ville Bands / Harmonie'en / Big Bands, eben iwwerall do wou en gefrot gëtt an dat bis iwert d'Grenz eraus.
Ass et fir Rock/Pop oder Swing/Jazz, den Armand weess et einfach seng Freed, seng Leidenschaft an seng Léift zur Musek op d'Publikum ze iwwerdroen.
Aktuell Bands: Vocals on Tour / Spectrum Big Band / Märeler Big Band
An Bearbechtung: Eng nei Coverband ( Soueng wéi deemols op den gudden aalen Baler ). Weider Info'en kommen no !!!
Fir nach méi Input, einfach duerch d'Homepage klicke goen.
Vill Spaass dobäi.
Den "Armand" ass am Opnahmestudio an hellt nei Cover-Songs mat Video op.
Bekannte Songs an eegenem Stil, nei arrangéiert vun "MUSICZ"
D'Mënschheet ass Hautdesdaags ËMMER am Stress, dofir ginn et Songs fir ze relaxen, sech zeréckzeleeën, seng Séil baumelen ze loossen an einfach ze genéissen.
Ps: Reeg dech net iwwert eppes op wats de souwisou net (méi) änneren kanns
Armand
Pop / Rock / Swing / Jazz